21/09/2026
Also... no 19 Joer an nodeems ech ëm 10.000 Leit gehollef hunn, ass et endlech esou wäit.
iHelef ass elo offiziell eng S.à r.l. 🥳
Elo sichen ech e Comptable oder e Comptabilitéitsbüro, deen mir bei der Buchféierung, TVA an all den administrativen a steierleche Saache hëllefe kann.
An hei kommen ech op ee Problem 😅
Nodeems ech iwwer d'Jore esou vill Leit gehollef hunn, wees ech natierlech net méi ween vun iech vläicht an engem Comptabilitéitsbüro schafft oder mir ee gudde kéint recommandéieren 😅 Wann Dir also ee kennt mat deem Dir gutt Erfarunge gemaach hutt oder wann Dir selwer an deem Beräich schafft, schreift mir e Kommentar oder schéckt mir eng Noriicht. 🤗
Wei Dir wësst, ech hunn meng Hëllef ëmmer gratis ubebudden an wéilt och weiderhin gratis ubidden. Wéi kéinte mir dës Philosophie bäibehalen? Oder soll déi Spenden als Rechnung ëmstellen? Hei brauch ech Hëllef an Iddien wéi ech dat konkret maachen kéint. Ech wäert och an Zukunft nei Servicer ubidden wéi zB. Op da plaatz kommen fir ze flécken, Computer(en) léinen an souguer ee Computer pro Mount ze bezuelen.
Ech sichen also no engem deen mir hëllefe kann de richtege Wee ze fannen fir dat ganz richteg a steierlecherlech opzestellen. Nodeems ech esou vill Leit gehollef hunn wier, wier et fein wann mir erem kuerz hëllefen 😄
Merci! 🙏