IT-Dokter

IT-Dokter 👨‍💻| Däin externen IT-Mataarbechter
💡 | IT-Tippe vir Entreprise an Privat
🇱🇺 | IT-Support op LU

12/05/2025

Grafikdreiwer-Feeler Wat maache beim Nvidia 7-Zip CRC Feeler?

Beim Installéiere vum NVIDIA-Grafikdreiwer kënnt et heiansdo zu engem Feeler. Wouduerch den Dreiwer net installéiert ka ginn.
Hei fënns du eng Léisung fir dee Problem lass ze ginn.

03/04/2025

Léisung bei mangel un Suen🤫 Amazon léist all Problemer 😋

08/01/2025

Aarbecht mat Humor 🤪

04/01/2025

Wat geschitt hannert de Kulissen vun enger Computerreparatur? 💻🔧

Et geet net nëmmen ëm Schrauwen a Wiesselen – eng gutt Reparatur ass e komplexe Prozess. Vun der Diagnos vun de Schied (hei waren et CPU, Motherboard an Powersuplie) iwwer d’Bestellung an d’Virbereedung vun de Komponente bis hin zum genaue Plangen: All Schrëtt zielt! 🛠️📦

Mat Suergfalt an Opmierksamkeet gëtt alles duerchgesinn, ausgebaut an opgebaut, sou datt den Computer nees perfekt funktionéiert. 🔄 Mir ginn näischt dem Zoufall iwwerlooss!

31/12/2024

Wann den Mac Mini mol eng "kleng" Rettung brauch... 💻🛠️ D’Festplack war futti, wichteg Donnéeën waren a Gefor – mee mir hunn et gepackt, alles zréckzekréien! 🙌🎉 An natierlech krut hien och e klengen Wellness-Treatment: propper gemaach an erëm wéi nei. ✨

27/12/2024

Wann e Ball méi wéi just Spaass bréngt… 🎾💻 De Laptop gouf getraff: de Bildschierm ass aus dem Charnéier erausgefall, mee Gott sei Dank war den Ecran selwer net beschiedegt. 🙏 Mir hunn de Case ersat a garantéiert, dass alles erëm perfekt funktionéiert. 🛠️👌 Passt op är Geräter op – a wann eppes geschitt, mir sinn do fir ze hëllefen!

20/12/2024

De Leonard – de beschte Videograf zu Lëtzebuerg 🎥 – mä och déi Beschte brauche mol Hëllef! 🙌 Nodeems seng Projeten iwwer d'Joren op villen Harddiske verdeelt waren, hu mir vun IT-Dokter eng clever Léisung fonnt: en NAS-System mat 40 TB Späicher, deen him elo Zäit a Gedold spuert. ⏱️💾 Mat nëmmen e puer Klicks huet hie seng Dateie parat a kann sech op dat konzentréieren, wat hien am beschte kann – beandrockend Videoen dréinen. 🎬 Wann s du och Hëllef bei enger IT-Léisung brauchs, mir sinn do fir dech!

🎄 Schéi Chrëschtdeeg a Merci vun Häerzen! 🎅✨ Mir wëllen Iech an Äre Familljen e schéint, besënnlecht Fest wënschen an e ...
19/12/2024

🎄 Schéi Chrëschtdeeg a Merci vun Häerzen! 🎅✨
Mir wëllen Iech an Äre Familljen e schéint, besënnlecht Fest wënschen an e gudde Rutsch an dat neit Joer! 🎆🙏

E grousse Merci un eis treie Clienten an all déi, déi eis dëst Joer ënnerstëtzt hunn. Äert Vertraue bedeit eis vill, an et mécht eis stolz, Iech mat eisen Déngschter a Léisungen hëllefen ze dierfen. 💻💡

Mir freeën eis op nach méi spannend Momenter an 2025, an och doranner do ze sinn, wann dir eis braucht. Bis dohi genéisst d'Feierdeeg a passt op iech op! 💖🎁

18/12/2024

Wann de Ladeport vum Laptop de futti fiert… ⚡💻 Mengt een et wier bal onméiglech, mee trotz allem kann et schnell goen! 🛠️ Mir hunn de Problem analyséiert, de Port ersat an de Laptop erëm fit gemaach. 😄 Brauchs du och Hëllef bei engem technesche Problem? Mir si fir dech do!

14/12/2024

Wat fir e Computer hues du doheem, a fir wat benotz du en am léifsten? 💻

Deel deng Erfarung mat eis an den Kommentaren!⬇️

10/12/2024

An ech hu mech gewonnert wisou ech keng Speicherplatz méi op menger Festplack hat. 5Stonnen Videomaterial an 29GB. 😶

09/12/2024

Hei nach e puer witzeg Fails, déi wärend den Interviewen entstane sinn – meng éischt Erfarung an dësem Beräich. 🙈 Ech soen dem e grousse Merci, dass du mat vill Gedold a Humor mäin éischte Versuchkanéngchen waars. 🙏 Och wann ech ufanks opgereegt war, hunn d'Laachen an déi kleng Fails gehollef, alles méi locker ze maachen🎤😄 An natierlech, wéi kéint et anescht sinn: De Mikro huet genau deen Dag beschloss, net matzeschaffen – wat eis eng extra Erausfuerderung beschert huet! 😅

Adresse

47 Félix De Blochausen
Luxembourg
1243

Site Web

https://maps.app.goo.gl/yBTDRc1QS58sjQvv6

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque IT-Dokter publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager