24/08/2026
D'Spullmaschinn ass futti⁉ De Frigo gëtt nët méi richteg kal⁉ Dir kënnt d’Maschinn awer net selwer flécken⁉
👉Da frot bei Ärem Elektriker no a loosst se flécken. D’Gemengen am Naturpark Our (Buerschent, Cliärref, Ëlwen, Kiischpelt, Parc Housen, Pëtschent, Tandel, Veianen, Wäiswampech, Wëntger) leeën d'Halschent vun der Rechnung bäi (max. 200€ pro Joer a pro Stot). 💪
👉Firwat⁉ D’Produktioun vun neie Geräter an d’Entsuergen vun den futtisen Apparaten verbrauchen immens vill Ressourcen, dofir ass et dowäert d’Maschinnen méi laang lafen ze lossen. D’Ënnerstëtzung gëlt fir elektresch an elektronesch Geräter.☺