creative corner

creative corner SERVICES
Print Design, Webdesign & Programmierung, Corporate Identity, Social Media Marketing, Media

Fir d'Ville d'Echternach  hu mir e modernen a kloer strukturéierte Manifestatiounskalenner entwéckelt, deen déi wichtegs...
08/10/2026

Fir d'Ville d'Echternach hu mir e modernen a kloer strukturéierte Manifestatiounskalenner entwéckelt, deen déi wichtegst Evenementer vum Mount op ee Bléck presentéiert. Déi kloer Hierarchie an déi kompakt Informatioune mat Datum, Auerzäit a Plaz maachen de Kalenner praktesch an iwwersiichtlech, wärend d’Biller d’Gestaltung oplackeren a fir e liewegt Gesamtbild suergen.

Neit Schëld fir den Outdoor-Fitness Boermereng. Fir d’Fitness Plaz hu mir en neit Informatiounsschëld am Corporate Desig...
24/09/2026

Neit Schëld fir den Outdoor-Fitness Boermereng. Fir d’Fitness Plaz hu mir en neit Informatiounsschëld am Corporate Design vun der Gemeng Schengen entwéckelt. Mat flotten Illustratioune weist d’Schëld op eng kloer Aart déi wichtegst Reegele fir de Fitness Beräich. D’Kombinatioun aus kloren Informatiounen an engem illustrativen Design mécht d’Reegelen iwwersiichtlech a liicht verständlech.

Vun der Chambre des Métiers krute mir den Optrag eng Invitatioun fir d’Remise solennelle des Diplômes de Maîtrise et de ...
10/09/2026

Vun der Chambre des Métiers krute mir den Optrag eng Invitatioun fir d’Remise solennelle des Diplômes de Maîtrise et de la Promotion du Travail ze kreéieren.
D’Zil war et de Wäert an d’Bedeitung vum Handwierk duerch eng elegant an héichwäerteg Invitatioun ervirzehiewen.
Beim Layout hu mir eis entscheet mat engem Fangerofdrock ze schaffen, fir d’Handaarbecht ze ënnersträichen an duerch déi abstrakt Linnen der Invitatioun e moderne Look ze ginn. De Fangerofdrock ass als Prägung op der Invitatioun, wat den handwierkleche Charakter ënnersträicht.

Join our Team! 🙂Wir suchen einen erfahrenen Grafiker/Mediengestalter (m/w/d), der Gestaltung nicht nur beherrscht, sonde...
29/08/2026

Join our Team! 🙂
Wir suchen einen erfahrenen Grafiker/Mediengestalter (m/w/d), der Gestaltung nicht nur beherrscht, sondern unser Team mit Ideen, Neugier und einem sicheren Gespür für gutes Design bereichert. 🎨

Interessiert?
Dann freuen wir uns auf Deine Bewerbung mit Arbeitsproben!
Alle Infos zur aktuellen Stellenausschreibung findest Du auf ➡️ www.creativecorner.lu/jobs

D’Wope vun der Gemeng Biwer krut am Kader vun engem Redesign e modernen Update.Dobäi war et wichteg, d’Grondform vum Wop...
27/08/2026

D’Wope vun der Gemeng Biwer krut am Kader vun engem Redesign e modernen Update.

Dobäi war et wichteg, d’Grondform vum Wopen an déi charakteristesch Symboler – de Bëschofsstief, d’Réng an d’Ankerkräiz – ze erhalen. Sou verbënnt dat neit, zäitgeméisst Erscheinungsbild Traditioun a Geschicht mat Fortschrëtt an Innovatioun.

Am Kader vum neien Optrëtt hu mir och verschidde Kommunikatiounsmëttel ugepasst: vu Visittekaarten a Bréifpabeier iwwer E-Mail-Signature bis hin zu Social-Media-Templates. Esou gëtt déi nei visuell Identitéit vun der Gemeng konsequent an alle Beräicher weidergedroen.

D'Muselzeidung / Sauerzeidung huet e klengen Design Update kritt. Besonnesch um Cover gëtt den neie Look direkt siichtba...
13/08/2026

D'Muselzeidung / Sauerzeidung huet e klengen Design Update kritt.
Besonnesch um Cover gëtt den neie Look direkt siichtbar.
D’Zeitung iwwerzeegt duerch e frësche moderne Look, méi kloer, méi lieweg a mat ville Fotoen. Mat engem klore Säiteraster an enger kompakter Informatiounsvermëttlung gëtt den Inhalt nach méi iwwersiichtlech a lieserfrëndlech presentéiert.
En neie Look. Vertraut am Inhalt. Staark an der Regioun.

MiKo - De Sozio-Kulturellen Tiers-Lieu fir d’Musel.De MiKo (Miseler Kollektiv) ass e Projet vum Office Social Commun de ...
30/07/2026

MiKo - De Sozio-Kulturellen Tiers-Lieu fir d’Musel.
De MiKo (Miseler Kollektiv) ass e Projet vum Office Social Commun de Grevenmacher a verbënnt sozial Aarbecht mat neie Forme vun der Zesummenaarbecht. Beim MiKo ka jiddwereen un den Aktivitéiten deelhuelen - ob kreativ Workshops, Sproochecoursen oder Biergercafé.

Mir hu fir si e Logo entwéckelt esou wéi weidert Kommunikatiounsmaterial wéi z.B. d’Beschëlderung, Autocollanten a Roll Ups.

De Kropemann Info krut e frësche Look. Mir hu fir d'Gemengebuet vun der Réidener Gemeng e komplette Redesign erstallt - ...
16/07/2026

De Kropemann Info krut e frësche Look.
Mir hu fir d'Gemengebuet vun der Réidener Gemeng e komplette Redesign erstallt - modern, iwwersiichtlech an uspriechend fir d’Lieser:Innen. En zentraalt Gestaltungselement sinn d’Atert Linnen, déi souwuel um Cover, de Bannesäiten an och op der Récksäit fir eng staark visuell Identitéit suergen.

Logo Entwécklung fir de SIAEE - Zone d’activités économiques régionale. Beim Logo steet d’Verbindung vu Regionalitéit, m...
02/07/2026

Logo Entwécklung fir de SIAEE - Zone d’activités économiques régionale.
Beim Logo steet d’Verbindung vu Regionalitéit, moderner Infrastruktur an nohalteger Entwécklung am Mëttelpunkt. D’Formsprooch verbënnt organesch a strukturéiert Elementer a schaaft esou eng visuell Balance tëschent der Natur an der wirtschaftlecher Uerdnung.

Wormeldange - Ausstellung Jumelage D’Gemeng Wuermer huet säit 20 Joer eng Partnerschaft (Jumelage) mat der Gemeng Mortag...
18/06/2026

Wormeldange - Ausstellung Jumelage

D’Gemeng Wuermer huet säit 20 Joer eng Partnerschaft (Jumelage) mat der Gemeng Mortagua a Portugal. Hannergrond vun dëser Partnerschaft ass d’Tatsaach, dass an der Gemeng Wormer vill Auswanderer aus dëser Gemeng a Portugal stamen.

Fir den 20. Jubiläum vun dëser Partnerschaft ass zu Wormer d’Place du Jumelage entstanen. Mir hunn eis ëm den Design an d’Ëmsetzung vun der Beschëlderung bei der Ausstellung gekëmmert.

Adresse

30, Rue De Trèves
Grevenmacher
6793

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 16:00
Mardi 08:00 - 16:00
Mercredi 08:00 - 16:00
Jeudi 08:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 16:00

Téléphone

+352758747

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque creative corner publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à creative corner:

Raccourcis

Partager

Catégorie