29/05/2020
Mir sichen een web entweckler deen eis net nemmen bei eiser eegener Homepage elo an och op lang dauer helefen kann mee och bei eisen Clienten heleft hier Wensch ze realiseieren mat den modernsten Standarten. SQL ass ganz wichteg genau eseou wei HTML, CSS, Java script an dei gängest Sprochen.
Wichteg ass dass dir Letzebuergesch, Daitsch, Franzeisch an Englesch kennt well mir betreien eis Clienten international an do kommen eben dei Sproochen zum Ansaatz.
Mir maachen Home Office an zwar net nemmen weinst Corona mee och am Normalfall well deen Model einfach mei Firdeeler fir all Bedeelegter huet. Natirlech bedeit daat dass een sech gudd am Greff muss hun an sech mat der Situatioun wuel fillen muss. Mir kommunizeieren op all meiglechen Weer intern an selbstverständlech och direkt andems een sech trefft.
Waat get erwaart? Allem firaus, Eierlechkeet well eouni Vertrauen kann een net zesummen schaffen. Pünktlechkeet, wann mir eng Deadline fum Client hun dann huet dei een Grond an dei muss dann och respekteiert gin, et huet ausserdem vill mat Resepekt sengem Geigeniwer zedinn. Exakt an rigurost Schaffen ass wichteg well mir eisen Clienten hieren Unsprech erfellen an iwertreffen wellen mee awer och eisen Matarbeschter hiert Kennen wellen zur Schaustellen well een deen sech daat ungeleiert huet soll dofir och d'Lorbären ernten.
Et geet an enger eischter Zait emol em een Vertrag mat enger begrenzter unzuel un Stonnen dei ausgehandelt kann gin. Wann d'Zesummenarbescht passt an fruchtet dann kann an soll dorauser och een Vollzait Vertrag mat onbegrenzter Dauer gin.
Wann weider Fähegkeeten wei System-, Server-, Infrastruktur-, Netzwiek Admin oder -Ingenieur ... mat zum Portfolio fun dem Bewerber sengen Fähegkeeten zielen sin daat natierlech ganz interessant Themen dei net onbesprach bleiwen sollen well och do brauchen mir Leit.
En Führerschain an en Auto ass een "Muss", an och net, wann et soss zu 100% passt fent een bestemmt eng Leisung zesummen.
Waat mer net sichen:
Mir brauchen keng Leit dei honnerten Zertifikater hun an et dann dach net kennen. Leiwer een deen keen Zertifikat huet an d'Matière beherscht.
Mir brauchen keng 10 Joer Erfahrung, et geet duer wann een seng Matière beherscht an daat kann och den Student sin deen grad mat der Uni färdeg ass.
Drogen sin bei eis een NO GO och Alkohol ass een NO GO, natirlech ass domat gemengt op der Arbescht bei den Drogen ass allgemeng gemengt well daat och eppes iwert den Charkter ausseet an daat wellen mir bei eis net.
Wann dir weider Informatiounen braucht dann zeckt net an froot oder nach besser bewerbt iech.
Beim Beäntferen fun den Froen sierf et hei drenner oder am Interview, sidd einfach locker an eierlech well daat ass waat eis gefällt, an keen Grond gestresst oder nervös ze sin, et sin einfach justz Menschen dei sech Treffen an mateneen schwetzen. Ok dir musst iech beweisen mee ganz eierlech waat een kann daat kann een an wann een eppes geif firspillen an doduerch nervös wier geif daat op kuerz oder lang Siicht dach irgendwann opfleien an dann awer net passen.